Mam Carlos Salomon hunn den Philippe an Tom den éischten Stand-Up Comedian um Podcast. Dësen erkläert hinnen wei en zum Stand-Up komm ass, wien seng Inspiratiounen sinn an wei hien eegen Shows organiséiert. Des Weideren erzielt hien den Jongen wat Stand-Up Comedy him bäibruecht huet - z.B soll een generell d'Liewen méi mat Selbsthumor liewen, well dëst extrem "empowering" ass. Vue dass den Carlos sech mat Witzer auskennt, hunn den Philippe an Tom him dunn allen 2 een Witz erzielt fir rauszefannen wien méi witzeg ass. Méi serieux ass et dunn ginn wou déi 3 driwwer geschwat hunn, ob et Grenzen an der Comedy ginn, an wat een op d'Schëpp huelen däerf an wat net.