‚I just want a Rollie, Rollie, Rollie,…’ De Wonsch huet den Eric sech selwer erfëllt, an domadder awer och fir eng vun deene gréisste Social Media Outbursts 2020 gesuergt. – Ween huet dem Eric seng Rollie geklaut an vill méi wichteg – wou!? Dobäi sollt et awer net bleiwen, eng kontrovers Ausso vum Eric huet net nëmmen d’RTL-Topfans mee och Déifferdeng aus dem Déifschlof erwächt. Mee lo mol zum wesentlechen! Wéi kann en als Youtuber anContent Creator säin Geld verdéngen? Lount et sech a Bitcoins ze investéieren? An sti mer eigentlech lo virum gréisste Boxduell, den Lëtzebuerg jee gesinn huet?