D*e Robin huet Angscht viru Kofferdéiwer - wéi dat?! Ganz einfach: d*e Robin benotzt e Koffer IUD zur Empfängnisverhütung, an dat säit 5 Joer. Während d'Thema Kofferspiral vun Zäit zu Zäit opkënnt, wësse vill Mënschen zimmlech wéineg iwwer dat awer scho relativ aalt Verhütungsmëttel - an oft nach manner iwwer seng néi Re-erfindungen! An dëser Episod freet de Joël d*e Robin aus: iwwer déi verschidde Formen vun der Verhütung mat Koffer, wéi sou e klenge Metalldrot amfong eng Schwangerschaft verhënnere soll an iwwer dem Robin seng Erfarungen mat dëser Verhütungsmethod.
Dës Episod ass dann och Deel vun enger neier Serie iwwer Erfarungsberichter mat verschiddene Verhütungsmëttelen. Wann s du deng Erfarungen mat eis op der Antenn deele wëlls, da schréif eis op sex@ara.lu oder kontaktéier eis iwwer social media. :)
An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Selbstkritik a kulturelle Kontext.
Update Februar 2026:
an Holland gëtt de Kofferball mëttlerweil net méi vu Gynecolog*innen agesat, opgrond vu vermehrte Berichter vu Schwangerschaften a Komplikatiounen, an d'staatlech Gesondheetsdengschter hunn eng Warnung rausginn. Aus anere Länner sinn däer Rapporter allerdéngs nach keng komm.
Over 100 women got pregnant with Ballerine IUD; Health Min. advises getting alternative
Health concerns rise after Ballerine IUD removals in the Netherlands
Shownotes:
Infos iwwer d'Kofferspiral
Kofferspiral fir jonk Mënschen
Infos iwwer d'Kofferketten
Infos iwwer de Kofferball
Dem Kelly seng Rubrik iwwer thermesch Verhütung
See more