avatar

#67 Haaptsaach eng Gäns? – Penisonsécherheet an aner léisbar Problemer

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
Episode • Sep 25, 2020 • 39m

Zitt ee mat engem klenge Penis automatesch de Kierzeren? Wéi vill verschidde lëtzebuergesch Wierder gëtt et fir dat Organ, dat an der Chatfënster scho mol a Form vun enger Aubergine opdauche kann? An ass ee mat Erektiounsstéierungen en Eenzelfall? All dës Froen diskutéieren den Elie an de Joël an där neier Folleg vu Méi wéi Sex.

D’Kelly vergläicht an der aktueller Rubrik Kondomer mat Sombreroen a Kleeserchersmutzen. Wann der wësse wëllt, firwat den Ënnerscheed tëscht béidem wichteg ass, da lauschtert eran!Et gëllt wéi ëmmer: Entweder schalt dir de Mëtten um 15h bei Radio ARA an oder dir gutt dono op är Liblings-Podcastplattform souwéi op eisem Site sexpodcast.lu luusse.

Switch to the Fountain App