Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel
Déi 17t Episod ass zwar kee Jubiläum mee de Gilles, Dylan a Ben hunn sech awer iwwert dee Meilestee gefreet. An dat Ganzt hunn si mat villen Theme ronderëm de Fussball zelebréiert. Wéi zum Beispill Fändelen an der Berliner Bannestad, Dortmund an de SpongeBob an d Finanze vum FC Barcelona. Wéi ëmmer sinn déi dräi awer och an hier Liblingslige kucke gaangen. An beim Stuttgarter Wamangituka sengem Gol, trennt sech d Meenung an der Futtballwelt souwuel wéi och d Meenung an der Buvette.
Top comments
De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.