avatar

#109: Wann et einfach net geet – Vaginismus

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
Episode • Dec 16, 2022 • 39m

Content Note: An dëser Episod ginn Trauma an Erfarunge mat sexueller Gewalt ugeschwat. Wann s du Probleemer mat dësen Themen hues, da lauschter dës Episod w.g.l. net eleng.

Vaginismus – vill Leit wäerten nach ni eppes dovun héieren hunn. Dobäi si vill méi Leit vu Vaginismus betraff, wéi een*t denkt, an si sinn oft mat ville Virurteeler an Onverständnis konfrontéiert. Eis Illustratorin Lynn huet Vaginismus, a schwätzt an dëser Episod mam Robin doriwwer, wat fir en Afloss dës Konditioun op seng Bezéiungen a säi Liewen huet.

An der Rubrik kläert d'Kelly doriwwer op, wéi een*t am beschte mat Jugendlecher iwwer Sex schwätzt.

Hei kanns du Hëllef zu Lëtzebuerg fannen, wann s du vu Vaginismus betraff bass: profamilia.lu sexpert.lu physiopelvic.lu planning familial

Switch to the Fountain App